11/10/2016

Planzen

Säit 41 Joer betruecht Mon Jardin d’Planz als wichtegste Bestanddeel vu sengen Aktivitéiten, an dat duerch:

– Gréisst der zougewisener Verkafsfläch.
Sou fand Dir an dem Verkafsberäich gréngbliedereg an och bléiend Planzen – vum klasseschen ‘Ficus Benjamina’ bis bei déi aussergewéinlech ‘Nepenthe’. Calceolaria am Fréijoer, Begonia am Summer a Poinsettia zu Chrëschtdag begleeden déi grouss Rendez-vouse vum Joer.

– D’Entwécklung vun den Sortimenter souwéi d’Gattungen vun de Planzen.
Gitt duerch d’Dir an ons kal Zär – e Beräich mat grousser Auswiel vu Planzen fir de Balcon an fir d’Terrass an och fir ganzjähreg Planzegäerd, mat Riddoen fir Schied an ugepasster Belüftung ginn ons Planzen ënner optimale Bedingunge gehalen.

– D’Bedeitung vum Stock.
Eng Ramp feiert Iech an d’Häerz vun onserer Tätegkeet:

D’Bamschoul, agedeelt a 4 Beräicher:

– D’Cabriolet-Zär (mat Reguléierung vum Lichtafall an automatescher Bewässerung) bitt: Dännebeem, bléiend Sträicher, Ziersträicher a Beem.

– Eng Fläch mat Eenheeten a awer och grousse Quantitéite fir grouss Chantieren. E Beispill: Permanent u Lager sinn 6 verschidde Zorte vun der Potentilla mat méi wei 200 Exemplairen (also iwwer 1200 u Lager).

– Eng Anlag mat enger Planzenzort, op déi mir besonnesch vill Wäert leen. Säit iwwer 6 Joer presentéiere mir do 45 Zorte vu Bambusplanzen. All Zort a verschiddene Wuesstemsstadien – am total iwwer 110 verfügbar Referenzen. D’ganz Joer iwwer, vum 1. Januar bis zum 31. Dezember, erlaabt Iech onser Sortiment vun iwwer 500 Staudenzorten ganz besonnesch perséinlech Uplanzunge. Dëst am Géigesätz zu onseren Konkurrenten.

– D’Waasserplanze si natierlech och net ze vergiessen; déi dekorativ, déi sauerstoffspendend an déi nitrifizéierend.

D’Berodung ass den A an den O!
Op är Ufro hin begleede mir Iech mat Rot an Dot bei äre Projeten, sou dass Dir en optimaalt Resultat kritt.
Dofir hu mir verschidde Konzepter entwéckelt, déi verschidde Fakte berécksiichtegen:
D’Qualitéit vun ärem Bueden, d’Planze selwer an och déi néideg Moossnahmen. Sou vermeide mer d’Problemer déi ëmmer optauchen. D’Erfollegsquote geet erop, an den Ënnerhält gëtt méi einfach.

Mon Jardin bevirzucht Iech Planzen an hirer Rouphasen unzebidden (déi iwwregens och déi beschte Zäit fir ze planzen ass) an natierlech och Zorten déi am Summer oder am Hierscht bléien.
Et ginn esouguer Leit déi behaapten, dass Mon Jardin mat almoudesche Methode schafft. Mir soen allerdéngs, dass mir den natierlechen Liewenszyklus vun de Planzen an der Natur berécksiichtegen…