Mon Jardin, säit 43 Joer fir Iech do!

Iwwer ons

Gartencenter mat eegenem Betrieb fir Gaarde- & Landschaftsbau a Lëtzebuerg.

Op enger Fläch vun 30.000m² fand Dir ënnert anerem e räichhaltegt Sortiment vu Beem, Stauden, Bambus, Palmen a Bonsai – all dat a verschidde Zorten a Gréissten.
Ons Planze sinn de regionale klimatesche Bedingungen ugepasst an dohier resistent. Planzefrënn a Liibhaber vu schéine Gaardenulage loossen sech inspiréiere an onsere schéine Mustergäert mat enger biologescher Schwämm vun der Mark Bioteich. Naturfrëndlech an dat ganzt Joer iwwer mat propperem a Chimie fräiem Waasser.
Mir sinn e Familljebetrib aus Leidenschaft an Iwwerzeegung. Héichwäerteg Qualitéit ze liwweren ass onsere Firmenmotto. Onsere Landschaftsbaubetrieb plangt, baut, fleegt a renovéiert och äre Gaart. Och presentéiere mir Iech kreativ Dekoratiounsartikel fir äert Haus. Porzeläin, handgemaachte Vasen a vill, vill méi. Esou kennt Dir Iech an ärem Wunnraum eng gemittlech Atmosphäre schaffen.
Gär begréisse mir Iech an onserem Haus.

Ons Kompetenzen

Landschaftsbau

Ons Kompetenz am Beräich Landschaftsgestaltung gëtt stänneg weiderentwéckelt. Doduerch sinn mir an der Laach, mat Iech all noutwenneg Schrëtt vun dem Plange bis zu dem Ëmsetzen an och den Ënnerhält duerchzeféieren.

Schwemmen

Mir sinn spezialiséiert a Waasserwelte fir all Zwecker. Ons Spezialiste begleeden Iech gär bei all noutwennege Schrëtt. Mir féieren dekorativ Planzen, Schwammplanzen a Planze fir d’Rengegung & d’Beliewe vum aquateschen Ökosystem.

Planzen

Mon Jardin betruecht d’Planz als wichtegste Bestanddeel vu sengen Aktivitéiten duerch: 1. D’Verkafsfläch. 2. De Planze Sortiment. 3. D’Bedeitung vum Stock. 4. D’Bamschoul. 5. D’Waasserplanze. 6. Berodung.

Dekoratioun

Eng grouss Vilfalt u Produiten, innovativ an héichwärteg. Zweemol am Joer presentéiere mir Iech nei Kollektiounen. An onserem Verkafsraum a Maxigréisst vun 800m² weise mir Iech Produiten mat honnerten vun Dekoratiounsideeen.

Promo/News

Onsere Chrëschtmaart ass op!

Kommt emol kucken!


A Kontakt trieden